Diskussiounsowend 'FORUM JUGEND'

Gëschter Owend wor am Centre Culturel 'Am Duerf' een interessante Forum iwwert d'Thematik 'Wéi eng Jugendpolitik fir d'Zukunft'. Et haten sech ronn 45 interesséiert Leit afonnt déi no enger Aféierung, wou déi verschidden Themegebidder ugeschnidde goufen, ganz engagéiert matdiskutéiert hunn an hier Siicht an Erfahrungen duerchbruecht hunn. Et wor och ee flotte mix aus Jong an Eeler Leit do. Dësen Echange gëtt elo genotzt fir hei déi Erkenntnisser weider ze verdéiwen an hei Konklusioune mat konkrete Proposen an Iddien auszeschaffen.