En neien, innovative Wee fir ze bauen !

Am Kader vun de Bauprojete ‚JongMëtt Lënster‘ offréiert d’Gemeng Jonglënster op enger Parzell vun hirem Terrain eng nei Form vu Bauen. Hei gi ‚Bauherren‘ gesicht, déi sech als Grupp fannen, fir zesummen hir Wunndreem ze realiséieren. Esou Baugemeinschaften, fir Appartementshaiser oder jumeléiert Haiser, hunn de grousse Virdeel, datt se finanziell gesi bis 20 % beim Invest kënne spueren, well hei kee private Promoteur dobäi ass, an dobäi och nach déi gestalteresch Fräiheet bei de Konstruktionspläng vill méi grouss ass.

Eng éischt Informatiounsversammlung wor den 18. Oktober, wou eng Rei vu Leit sech un dësem Konzept ganz interresséiert gewissen hunn.

Wann dir méi wëllt wëssen oder selwer interesséiert sidd un dësem Konzept, ass den 10. November um 19:30 Auer am Centre polyvalent ‚Gaston Stein‘ déi zweet Informatiounsversammlung, wou dëst Konzept am Detail virgestallt gëtt, a wou dir op är Froen eng Äntwert kritt. Dëse Projet hei gëtt vun der Gemeng a mat Hëllef vum Architektebüro WW+ och encadréiert an déi zukünfteg Baugemeinschafte kréien hei och fachmännesch Begleedung an Ënnerstëtzung.

Hei och de Link fir den Internetsite wou dir nach méi Informatioune kritt:

http://www.jongmett.lu/de/newsletter/newsletter-november-2016

BODEN Jean