Equiclic - Pique-nique en blanc / Picknick a Wäiss mat Concert (Video)

De leschte Sonndeg hat Equiclic.asbl seng Generalversammlung op enger méi spezieller Plaz, an zwar op der Härdcheslay (Freylay), also op enger geschichtlech héichinteressanter a landschaftlech reizvoller Plaz am Bësch tëschent Allënster a Guedber.

No der AG hu mir op e flotte Picknick invitéiert, wou sech jidderee konnt umellen. Mir waren dunn och gutt 50 Leit aus der Gemeng, déi sech dësen Event net entgéint gelooss hunn. Fir et e bësse méi speziell ze maachen, hu mir d'Virgab ginn, datt ee sech soll entweder wäiss oder hell undoen. Deen am Virfeld bestallte Picknick-Kuerf kruten d'Leit op der Plaz. Musikalesch ënnermoolt ass dëse Picknick gi vun dem Ensembel 'APAKELLA'. Bei beschtem Fréijoerswieder war dës Première e volle Succès an d'Leit ware méi wéi zefridden. Besonnesch och dee musikaleschen Deel huet jidderee begeeschtert.

Dëst ass eng Initiativ, déi bestëmmt widderholl wäert ginn.

Wie sech e Videoclip vun dem Ensembel Apakella wëllt ukucken, hei e Link fir op Youtube: