Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster

Den 22. Mäerz 2017 huet de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster (SIJ) seng 39. Generalversammlung am Festsall vun der aler Schoul an der Buerg ofgehalen.

De President Raymond Tescher huet d’Leit déi sech Zäit geholl haten fir an d’Versammlung ze kommen, häerzlech begréisst.

Nom Aktivitéitsrapport vun 2016, virgedroen vum Vize-President Pierre Strasser, huet de Caissier, Nico Arlé déi finanziell Situatioun vum Veräin duergestallt.

Um Programm fir 2017, konnt de Vize-President Pierre Strasser folgend Punkten ukënnegen:
De 17. an 18. Juni fannen an der Buerg déi 37. Konschthandwierker-Deeg statt. 130 Konschthandwierker hu sech ugemellt, dovun 27 Aussteller déi fir d’éischt mat derbäi sinn.
No der Erfahrung vum lëschte Joer muss de Parking definitiv op Lënster verluecht ginn.
An der Buerg konnten d’Wisen, duerch de Reen bedéngt, net als Parking gebraucht ginn.
Also gëtt de Parking mat Navette vu Lënster aus organiséiert.
Et lount sech erëm eng Kéier fir déi 2 Deeg an d’Buerg ze kommen.

Den 30. September an den 1. Oktober organiséiert den SIJ zu Jonglënster am Center Polyvalent eng flott Ausstellung « Allerlee vun heiheem » do fann Dir Saachen fir ze kucken ze schmaachen an ze kafen.

De 25. a 26. November ass «d‘ Wanterzäit » am Center Polyvalent geplangt,
eng Ausstellung mat Verkaf zum Thema « Kaddo ».

Gläichzäiteg gëtt erëm de Chrëschtbeemercher‘s-Concours fir d‘Schoulklassen aus eiser Gemeng organiséiert, woubäi och Dir op der Platz ofstëmme kennt.

De Comité sëtzt sech fir 2017 folgendermoossen zesummen:
Raymond Tescher, Pierre Strasser, Nico Arlé, Gaby Wagner, Henri Kerger, Audrey Breger-Helminger. Den Här Ali Frisch huet aus dem Comité demissionéiert.

Duerno koum et zur Präisverdeelung vum Concours „Villages fleuris“.
D’Gewënner vun 2016 sinn:

D’Famill M. Bauler, Jonglënster, d’Mme J. Berns-Mangen, Gonnereng, d’Famill H. Buchholtz, Jonglënster, d’Mme V. Eiffes, Buerglënster, d’Famill J. Emeringer-Casel, Gonnereng, d’Mme C. Ernsdorff, Gonnereng, d’Famill A. Fusenig-Olinger, Gonnereng, d’Famill A. Jaeger-Buchler, Amber, d’Famill R. Kolbach-Hommel, Allënster, d’Famill J. Ludwig, Beidler, den Här C. Noël, Guedber, d’Famill P. Rippinger-Bichel, Jonglënster, d’Famill F. Rischette-Wurth, Jonglënster, d’Famill V. Santer-Petry, Jonglënster, d’Famill L. Santer-Steil, Gonnereng, d’Famill R. Schuller-Hilbert, Jonglënster, d’Mme M-Ch. Thein, Roudemer, d’Famill E. Weber-VD Meulen, Gonnereng, d’Famill B. Wecker-Buchholtz, Jonglënster, d’Famill L. Werner-Haag, Gonnereng.