Jonglënster: “Wanterzäit” Editioun 2017

Jonglënster: “Wanterzäit” Editioun 2017

De 25. a 26. November hat de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster fir 7. Kéier seng Manifestatioun “Wanterzäit” am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster organiséiert.

An enger gemittlecher Chrëschtambiance haten d’Leit, déi d’Geleeënheet genotzt haten, d’Méiglechkeet Kaddo’en fir Grouss a Kleng ze kafen.

D’Auswiel war breet gefächert, et goufen z.B. Kaddo’en aus Holz a Keramik, awer och Krëppen, “Patchwork”, Likör, Arrangementer, Bijou’en, Petzien, Kanner Gezei, Kamellen, Kaarten, Corbeillen a nach villes méi.

Dëst Joer hate 14 Schoulklassen aus eiser Gemeng hier selwer gerëschte Chrëschtbeemercher ausgestallt.

Beim Chrëschtbeemercher’s Concours hunn d’Leit fir hire Favorit ofgestëmmt.

Duerno koum de Beemchen an d’Schoulklass, wou en elo e puer Wochen d’Kanner an déi richteg Stëmmung wäert bréngen.

All Schoulklass, déi matgemaach huet, krut doniewent och nach e Präis.

Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee op Jonglënster sech gelount hat.