LENSTER MUSEK - VIZVERKAAF WOR E SUPER ERFOLLEG

Den traditionelle Vizverkaaf vun der Lënster Musek wor och des Kéier nees e groussen Erfolleg. Niewent deene schonns bekanntenen Gesichter vun deenen Joren virdrun, woren e Samschdeg och nei Memberen, esou wéi Frënn a Bekannten derbäi, fir eng Hand mat un ze paken, wat dem Comité besonnesch Freed gemat huet. Et wor eng flott Ambiance de ganzen Dag iwwer an d'Musek seet all hire Client'en e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung, well des Recetten sinn och wichteg fir den Opbau vun eiser Jugendmusek.
Nach eng Kéier Merci. Aer Lenster Musék.