Medaillen um Galaconcert vun der Fanfare Hueschtert

Traditionell huet d'Fanfare Hueschtert op hire Galaconcert, dest Joer an de Lenster Lycée invitéiert. Ennert dem Motto "Eng musikalesch Rees duerch d'Zäit" hat den Dirigent Hans-Karl Daus e Programm matt Stecker aus verschidden Zäiten eräusgesicht.

An der Paus vun desem Concert huet d'Präsidentin Jeanne Wagner, a Präsenz vum Buergermeeschter Fréd Ternes Medaillen iwwerreecht. En Insigne fir 5 Joer kruten d'Amalia Huss, d'Emma Koob, d'Amy Salmon an de Jérôme Schaack. Eng Medaille fir 10 Joer Déngscht krut de Mike Bertrang. D'Tanja Schmit ass 30 Joer am Veräin a gouf matt enger Goldmedaille geéiert. De Carlo Gilbertz krut eng Médaille en Vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer ugespéngelt.