Uebstbeem fir déi neigebueren Kanner aus der Gemeng Jonglënster

Den 21. November si fir déi neigebuere Kanner vum Joergang 2019 am Kader vum Dag vum Bam 12 Uebstbeem geplanzt ginn, op engem flotte Site bei Aasselscheier, wou mir dat elo am véierte Joer maachen, an hei dann och ee grousse Bongert esou entsteet. Hei haaptsächlech al Zorte, wat och dozou déngt datt des Zorten erhale bleiwen. Mir hunn des Aktioun fir déi 83 Kanner vum Joergang 2019 mat hiren Elteren organiséiert. Corona bedéngt hu mir dat an zwou Etappe gemaach fir net ze vill Mënschen op eng Kéier ze empfänken. Insgesamt waren deen Dag ronn 140 Elteren a Kanner bei dëser Aktioun dobäi.

Dëst organiséiert vun der Ëmwelt Kommissioun vun der Gemeng Jonglënster an enker Zesummenaarbecht mam SIAS.