"Histoire de(s) femme(s)" am Kader vun der Orange Week zu Stengefort

Am Kader vum Projet UniTE vun der UNO, hunn d’“Zona International” an de “Conseil National des Femmes du Luxembourg” nees mat der Ënnerstëtzung vum Chancëgläichheetsministère, d’“Orange-Week 2019” ënnert dem Thema “Lët’z say no to violence against women” lancéiert.

Vum 25. November bis den 10. Dezember 2019 fannen eng Serie u Manifestatiounen a symbloesch Akter zum Thema "Gewalt géint Fraen" ueschtert d'Land statt, wéi zum Beispill d’orange Beliichte vu verschiddenen ëffentlechen a net ëffentlechen Institutiounen, denkmalgeschützte Gebaier an touristesche Plazen.

Och d’Gemeng Stengefort huet sech dësem symboleschen Akt vu Solidaritéit ugeschloss a vereenzelt Gemengebaier vum 25. November bis den 10. Dezember 2019 orange beliicht.

Ausserdeem huet d’Gemeng zesumme mat der Stengeforter "Commission de l'égalité et des chances" den 2. Dezember 2019 e Filmowend am KINOLER zu Koler organiséiert, beim deem de Film "Histoire de(s) femme(s)" vum Anne Schroeder gewise gouf.

En Dokumentaire deen a 70 Minutten ee ganz intimen Abléck op d'Geschicht vun der Emanzipatioun vun der Fra gëtt.

Zu dëser Geleeënheet war och de Foyer Sud vum Conseil National des Femmes du Luxembourg präsent an huet seng Aktivitéite virgestallt.

Nom emouvante Film hunn d'Spektateuren sech nach konnte mat der Realisatrice austauschen, dëst a gemittlecher Ambiance bei engem Eierewäin an e puer Häppercher offréiert vun der Gemeng Stengefort,