Histoire de(s) femme(s), en Documentaire vum Anne Schroeder

Am Kader vun der Orange Week organiséiert d'Chancegläichheetskommissioun vun der Gemeng Stengefort zesumme mat der Gemeng Stengefort ee Filmowend am Kinoler zu Koler.


Dëst den 2. Dezember 2019 um 19:30 Auer.


Presentéiert gëtt de Film "Histoire de(s) femme(s) vum Anne Schroeder.

E lëtzebuergesche Film mat franséischem Ennertitel.


Uschléissend un de Film fënnt een Austausch mat der Realisatrice statt.


Desweidere presentéiert de Foyer Sud du Conseil National des femmes seng Aktivitéiten an d'Gemeng Stengefort offréiert een Eierewäin.


Umelle kënnt Dir Iech bis den 28.11.2019 um Telefon 399313-214 oder per Mail un service-pr@steinfort.lu


Den Entrée ass gratis.

Et steet eng Këscht um Stand vum Foyer Sud fir all déi Leit déi een Don un de Foyer Sud wëlle maachen. Mir soen Iech am Viraus villmools Merci.