Käler Scouten spenden 2.300€ un d'Associatioun Alupse

All Joer em Dräikinneksdag zéien di Käler Scouten duerch d’Stroosse vu Kayl, a sangen:

“Hei kënnt deen klengen Kinnek, gitt em net ze wéineg, loosst en net ze laang hei stoen, well e muss nach weider goen nach weider goen”.

Dëst Joer konnte mat dëser Aktioun insgesamt 2.300€ Spenden gesammelt gi.

No engem flotten Austausch an interessanten Erklärungen iwwert d‘Associatioun Alupse, gouf de Scheck, a Präsens vun de Kanner an hieren Chef un d'Associatioun Alupse iwwerreecht.

Weitere Neuigkeiten von Daisy Wagner >