Käler Scouten spenden 2.500€ un d'Associatioun Trauerwee

Wéi all Joer em Dräikinnéksdag zéie Grouss a Kleng, vun de Käler Scouten, duerch d’Stroosse vu Kayl, a sangen:

“Hei kënnt deen klengen Kinnek, gitt em net ze wéineg, loosst en net ze laang hei stoen, well e muss nach weider goen nach weider goen”.

Mat dëser B.A. (Bonne Action) kënen esou Suën gesammelt gin, déi fir een gudden Zweck agesaat gin.

E Samschden, de 24. Februar hun d'Kanner an d'Jugendlecher, zesummen mat hieren Chef, e Chèque an Héicht vun 2500€ und d'Associatioun Trauerwee iwwerreecht.

Weitere Neuigkeiten von Daisy Wagner >