Viru kuerzem hu sech déi 40-Järeg vu Käl an Téiteng, déi Enn de 1970er-/Ufank den 1980er-Joeren zesummen d’Schoulbänk gedréckt hunn, fir hiren éischte Konveniat erëmgesinn.
Um Käler Schéissstand ass e flotten Owend mat Musek aus de 70er-, 80er- an 90er-oere verbruecht ginn an et ass och genuch Zäit bliwwen, fir Anekdote vun deemools ze erzielen. Vill Freed huet och d’Presenz vun enger ganzer Partie fréiere Léierinnen a Schoulmeeschtere gemeet. Dëse gesellegen Owend, fir dee sech ëmmerhi bal 60 fréier Kolleginnen a Kollegen zesummefonnt hunn, gouf organiséiert vum Pierre Backes, Joël Bähr, Jane John, Luc Thiel, Tonia Tralcio a Marc Wies. Um Schluss vum Owend woar kloer, dass dëse Konveniat Traditioun soll kréien an den nächste Rendez-vous ass op spéitstens fënnef Joer fixéiert ginn.