Den Erléis vun den zwee Adventsconcertë vun der Kielener Musek am Dezember 2017 war fir de Projet TABA vum Comité National de Défense Sociale (CNDS). TABA ass e Beschäftegungsprojet fir schwéier Drogenofhängeger, déi gebraucht Spillsaachen flécken, sortéieren, botzen asv., déi dann u sozial schwaach Famillje verdeelt ginn. Bei deem Projet ginn et nëmme Gewënner: d'Emwelt, well dat aalt Spillgezei net ewechgeheit gëtt; déi Drogenofhängeg, well se eng sënnvoll Beschäftegung hunn; Kanner aus sozial schwaache Familljen, well se Spillsaache geschenkt kréien, déi hir Eltere sech nët hätte kënne leeschten. Ronn 1.250 Euro si bei der Quête no den Concerten zu Kielen (10. Dezember) an um Bridel (14. Dezember) zesummekomm. De Comité vun der Musek huet décidéiert, déi Zomm op 1.500 Euro opzeronnen. De 25. Januar krut d'Sylvie Schmit, Responsabel vum Projet, de Scheck iwwerreecht.
Kuckt de Video-Reportage iwwer de Kielener Andvents-Concert an der Emissioun "D'Gemeng Kielen informéiert" um .dok (ab 5'30").