D'Kielener Musek ënnerstëtzt "Konterbont"

Den Adventsconcert vun der Kielener Musek ass ëmmer fir e gudden Zweck. Dës Kéier gouf fir "Konterbont" gesammelt, eng asbl, déi eréischt virun engem decke Joer vun engagéierte Leit aus der Iechternacher Géigend gegrënnt ginn ass. Si ass aktiv an der Weilerbaach (wou méi wi 200 Flüchtlinge logéiert sinn) an an enger anerer Struktur zu Bollendorf (wou nach eemol 30 Réfugiéë liewen).

D’Ziil vu "Konterbont" ass et, kuerzfristeg an onbürokratesch iwwerall do ze hëllefen, wou Nout um Mann ass – sief dat bei administrativen Démarchen, Alldagsproblemer, Krankheetsfäll oder beim Sammele vu Gezei a Schong. "Eent vun eisen Haaptziler", schreiwt d’asbl "ass et awer och fir de Refugiéen virun allem eis Kultur ze weisen an am géigesäitge Respekt eppes méi iwwer hir Kultur gewuer ze ginn." An deem Sënn huet d'asbl am Moment z.B. e Projet mat der Iechternacher Musekschoul lafen. Dee Projet gëtt finanzéiert vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, an erméiglecht et engen 30 bis 40 Kanner a Jugendlechen aus der Weilerbaach an de Genoss vu Museks-Courën ze kommen: Krabbelmusek fir déi ganz kleng, fir déi méi grouss ginn et Offeren am Danzen, et kann ee Guitare oder Piano léieren, oder och Solfège.

De Foyer an der Weilerbaach soll fir déi concernéiert Famillje jo ëmmer nëmmen eng Tëschestatioun bleiwen, Wa se da plënneren, wëll d’asbl Konterbont hëllefen, fir dass d’Kanner weider nach Musik kënne maachen, an där Gemeng wou se duerno wunnen. D'Souën, déi de léschten 18. Dezember nom Concert an der Kielener Kierch gesammlt gi sinn, sollen eebe fir deen Zweck agesat ginn: fir Flüchtlingskanner d’Musekschoul an där Uertschaft ze bezuelen, wou se ënnerbruecht ginn.

Bei der Quête koume 750 € zesummen, d'Musek huet op 900 € opgeronnt. Enn Januar krut d'Presidentin vu "Konterbont" Manon Trombini de Scheck am Ufank vun enger Prouf iwwerreecht. (Foto: Marc Eicher)

Am youtube-Video kënnt Der - ab 3'50" - de Reportage vum Concert an der Emissioun "D'Gemeng Kielen informéiert" op .dok, den oppene kanal kucken.

Weitere Neuigkeiten von Maurice Molitor >