E Kannerbuch iwwert d'Sich nom Gléck

"D'Mia an d'Amélie op der Sich nom Gléck" ass dat éischt Kannerbuch op Lëtzebuergesch dat ech geschriwwen hunn. Op hirer flotter Rees an d’Welt vun de Stoiker begéingen déi zwee Meedercher al Philosophen a skurril Gestalten, déi hinnen Iddie ginn, wéi ee ka glécklech ginn.


D'Iddi zum Buch entstanen, nodeems e Bekannte mech op d'Philosophie vun der Stoa gestouss huet. Am Ufank hunn ech gemengt hien hätt dat einfach gemaach well ech iwwert vill Saache gemeckert a lamentéiert hunn an him dat einfach op d'Nerve gaang ass. Mee mëttlerweil sinn ech mir sécher, dass hie mir einfach wollt eppes Guddes doen. A genau dat ass och geschitt.


Ech hu mech vill mat de Stoiker beschäftegt an hu versicht d'Theorie an d'Praxis ëmzesetzen. Fir selwer e Stoiker ze sinn, dovu sinn ech nach wäit ewech. An dat war an ass och net mäin Ziel. Mee verschidde Gedanke vun den ale Griichen hu mir gehollef meng Liewensastellung just e wéineg ze änneren a mech méi glécklech an zefridden ze fillen. Fir et mat hire Wieder ze soen: "Ech maache mäi Bescht" an doduerch fillen ech mech gutt.


Et ass schued, dass ech déi Denkustéiss net schonn éischter fir mech entdeckt hunn. A genau dofir hunn ech d'Buch "D'Mia an d'Amélie op der Sich nom Gléck" geschriwwen. D'Haaptgedanke vun de Stoiker sinn doranner vereinfacht an an enger flotter Geschicht zesummegefaasst. Ech hunn d'Buch mat faarwege Biller illustréiert a mat praktesche Beispiller erkläert fir dass d'Kanner, a vläicht och hir Elteren, e puer vun den Iddien ophuelen a fir sech ëmsetzen. Well wien wënscht senge Kanner net fir hiert Liewen zefridden, frou a glécklech ze sinn?


D'Buch huet 60 faarweg Säiten a lëtzebuergescher Sprooch an ass fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer fir virzeliesen oder scho selwer ze liese geduecht.


D'Mia an d'Amélie op der Sich nom Gléck" ass fir 12€ am Online-Shop www.diane.lu ze kréien oder iwwer Mail un mail@diane.lu


www.diane.lu / mail@diane.lu