Jubiläumstreffen

60 Joer no hirem Ofschloss koum d’Promotioun 1966 vum Institut Pédagogique nees zesummen. Den Institut war deemools am Ale Kolléisch nieft der Kathedral ënnerbruecht.

Dës Renconter war eng Geleeënheet, fir an enger häerzlecher Atmosphär Erënnerungen auszetauschen an un déi gemeinsam Zäit zeréckzedenken. Dobäi gouf och un all déi geduecht, déi leider net konnten derbäi sinn.