Special Olympics Letzebuerg a säi "National Director" ausgezeechent

Fir drette Kéier hannert en anert huet de Sportsministär déi Benevol am Sport géiert. All Verband war opgeruff ginn ee freiwellege Mataarbechter aus sengen Reien ze mellen. 31 Federatiounen sinn desem Opruff nokomm, an hir Benevol vum Joer 2011 sinn elo an der Coque mat engem personaliséiertem Trophée ausgezechent ginn. Aus desen verdengstvollen Leit huet e Jury der dräi erausgesicht déi dee groussen Trophée vum "Bénévole sportif de l'année" kruet hunn.
De Marc Feltgen, aktuelle Comiteesmember, National Director a Basketballtrainer, huet mat der dretter Plaz eng verdengte Unerkennung fir säin laangjähregt Engagement fir Special Olympics an d'Aarbecht mat behënnerte Mesnchen fonnt. Op déi zweete Plaz komm Gaby Ansay-Reckinger, wat keen Onbekannt bei Special Olympics ass an och hei als Benevol agéiert.