D'Adèle Wies-Neuhengen kritt 85 Joer

Dëser Deeg huet de Schäfferot aus der Gemeng Fëschbech, d’Buergermeeschtech Marianne Brosius-Kolber mat hiren zwee Schäffen, dem Marco Karier an dem Simone Majerus-Schmit, d’Adèle Wies-Neuhengen vu Kéideng geéiert, dat de 5. Februar 1928 zu Esch/Uelzecht op d’Welt koum. Si war datt Eelste vu siwe Kanner. De 27. Dezember 1952 ass si de Bond fir d’Liewe mam Nicolas Wies agaang. Zesummen hu si zu Kéideng e klenge Bauerebetrib bewirtschaft, bis datt si viru 25 Joer dëse Betrib agestallt hunn. Den 30. Oktober 2001 ass den Nicolas Wies gestuerwen. D’Mme Adèle Wies-Neuhengen ass trotz hirem héijen Alter nach ëmmer bei beschter Gesondheet, mécht hire Stot eleng a geet mat grousser Freed dräimol an der Woch an d‘Fiels an de Foyer du jour vun Hëllef Doheem. (Text/Foto: Ren Spautz)