Eng Vëlospist matten an der Natur!

De Mouvement Ecologique (Meco) hat dësen Dënschden um 18.00 Auer op e klengen Trëppeltour iwwert de Chantier vun der Vëlospist am schéinen Dall vun der wäisser Iernz tëschent Kéideng an der Schmëtt (Fëschbech) invitéiert.

Zesummen mam Roger Schauls a Jacques Pir, zwee Biologen vum Meco as et iwwert den ursprénglechen Tracé gaangen, an Si hunn ob déi eenzel Problemer verwisen déi mat dësem zesummen hänken a wengst deenen de Meco de Chantier gestoppt hat. Vill Leit sinn dëser Invitatioun nokomm, ënner hinnen och verschidden lokal Politiker. Alternativ Tracéen si virgestallt ginn an d'Schéinheet an d'Biodiversitéit vun dësem Dall mat sengen Eegenaarten ass virgestallt ginn: grouss Seggen- a Schilfformatiounen an Auwald.

Leider konnte mir op der Plaatz net déi Ideal Léisung fir dësen Dossier fannen, an awer si grouss Froen opkomm. Virwaat kann déi nei Vëlospist net einfach iwwert den alen Tracé vun der Bunn lafen. Hei sinn Dämm asw do. Virwaat muss eng Vëlospist an esou engem Naturschutzgebitt tëschent 4 a 6m breet sinn. Musse mer iwwerhaapt eng Vëlospist duerch dësen schéinen Dall lafen hunn, wou Bëschweeër mat Macadam versigelt ginn. An an an, déi lescht Leit hu sech géint 20.30 Auer op den Heemwee gemeet. Och wann haut op der Plaatz keng definitiv Léisung konnt fonnt ginn, wor et awer e gudden Moment fir iwwer dësen Dossier ze schwätzen a nozedenken.

Ech perséinlech mengen, dass wann mir onbedéngt hei eng Vëlospist brauchen, dann solle mer a Krisenzäiten déi bestehend Weeër ausbauen, an dësem Fall den alen Eisebunnstracé, a keng Milliounen verpolveren fir d'Natur onnëtz futti ze maachen.

Den aktuellen Dossier ass nach um Wee duerch eis Administratiounen, loosse mer emol ofwaarden wéi dat ganzt weidergeet. Villäicht kréie mer nach eng Äntwert virun de Wahlen oder villäicht och réischt duerno?