8. Konveniat vun de Joergäng 1941 bis 1945


Käerch: Wéi der allerguer wësst, war eise leschten Konveniat vun der Joergäng 1941 bis 1945, den 29. Mäerz 2014. Duefir ruffen mir Iech heimat fir den 25. Mee 2023 zesummen op eisen 8. Konveniat. Esou stong op der Invitatioun, déi vum Mariette Daleiden-Rehlinger a vum Josy Mersch un di fréier Schoulkomerodinnen- a Komeroden vu Käerch eraus gaange war. Prompt hun sech eng Partie vun denen ugemellt, fir beim gemeinsamen Mëttegiessen am Restaurant „de Bräiläffel“ zu Klengbetten derbéi ze sin a sech den deftige Menü och gut schmaache geloos. Wärend e puer gemitterlich Stonnen sin a gudder Ambiance vill Anekdoten aus der onvergiesslicher Jugend- a Schoulzäit , awer och aus dem aktiven a passiven Berufsliewen erzielt gin. Beim Abschied war Eenegkeet esou engt Treffen an der kommender Zäit nees ze organiséieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)