Chrëschtfeier mat Eierunge beim Senioren Treff A.s.b.l. Gemenge Käerch

Wéi all Joer hat de Comité op Chrëschtfeier invitéiert. 72 Memberen hunn deelgeholl an e puer flott Stonnen zesumme verbruecht. Et hat ugefangen mat engem gudde Mëttegiessen. Géint 3 Auer sin dunn Jubilare geéiert gin déi 2017 e ronne Gebuertsdag gefeiert hunn, et waren: Madame Filbig Nicole, Madame Olinger Anita,( 80 Joer ) Madame Risch Irma an den Här Schmit Jeannot ( 75 Joer )déi eng schéin Corbeille vun den Comitésmemberen iwwerreecht kritt hun. Presidentin Henriette Nockels huet zum Schluss nach alle Memberen schéi Chrëschtdeeg a virun allem e gesond neit Joer gewënscht.