Duddelsakmusek am historesche Kader vum „Gréiweschlass“

E besonnesche Concert vun der Militärmusek am Schlass vu Käerch


Käerch.- An Zesummenaarbecht mat de „Käercher Schlassfrënn“, der Gemeng Käerch an der Arméi haten „d’Frënn vun der Militärmusek“ e flotten Owesconcert am Schlass vu Käerch organiséiert. Dëse Concert am Kader vum Kulturprogramm „Summer in the castle“ war engersäits den Optakt vum 25. Anniversaire vun der A.s.b.l. „d’Frënn vun der Militärmusek“ an anerersäits de leschte Concert, deen de Capitaine Christian Kirpes fir „d’Frënn vun der Militärmusek“ dirigéiert huet. De Capitaine Kirpes, zënter 2014 Chef-adjoint vu der Militärmusek an deeër hirem Déngscht hien 36 Joer laang steet, geet nämlech den nächsten 1. Oktober an déi wuelverdéngte Pensioun.

Als Éieregäscht konnt de Josy Lorent, Präsident vun de „Frënn vun der Militärmusek“, d’Deputéiert Gusty Graas, Max Hahn a Josée Lorsché, de Colonel Pascal Ballinger, Chef d’État-major adjoint vun der Arméi, den Adjutant-major Steve Ries, Adjutant de corps vun der Arméi, de Jean Spautz, Éierepresident vun de „Frënn vun der Militärmusek“, an den Norbert Welu, 1. Schäffe vun der Gemeng Käerch, begréissen

An engem kuerze Réckbléck ass den FvMM-President op d’Geschicht vum Käercher Schlass agaangen, dat Enn vum 12. an Ufanks vum 13. Jorhonnert gebaut gouf, dank dem 1993 gegrënnte Veräin „Käercher Schlassfrënn“ virum Verfall konnt gerett ginn an no Renovéierungsaarbechten, déi 1995 ugefaangen hunn an am Hierscht 2019 ofgeschloss waren, nees belieft gouf.

De Capitaine Christian Kirpes hat e musekalesche Programm mat vill Ofwiesselung ausgewielt, dee groussen Uklank bei de ronn 300 Nolauschterer fonnt huet. Ganz vill Applaus krut den Adjutant-major Roby Hinger, wéi hien als Solist um Duddelsak déi vum Christian Kirpes komponéiert „Hymne de la Musique militaire grand-ducale“ an als Bis dat traditionellt Wierk „Highland Cathedral“ gespillt huet.

(Photo: Jeannot Weber)