Regionale LEADER-Dag an der Gemeng Käerch

Dëst Joer huet de regionale LEADER-Dag nees an der Regioun LEADER Lëtzebuerg West stattfonnt. Ganz nom Motto „Zesummen an eiser Regioun”, setzt de LEADER-Büro mat dëser Veranstaltung op Austausch an Zesummenhalt tëschent hire Partner.

De 24. September huet d’Gemeng Käerch op dësen Dag agelueden an e flotte Programm zesummegestallt fir de Partner hir Gemeng virzestellen.

D’Presidentin vu LEADER Lëtzebuerg West, d’Christiane Eicher-Karier huet d’Participanten am neien Ubau vum Gemengenhaus begréisst. De Jean Wirion, Buergermeeschter vu Käerch huet d’Gemeng an hir Projete virgestallt.

Duerno ass et mam Bus weidergaangen op de Wandhaff. De Frederik Demecheleer, Projetsleeder beim Ecoparc hat e Rondgang organiséiert mat Erklärungen zum Site.

Nom Retour op Käerch stoung dunn eng Visitt vum Gréiweschlass um Programm. De Georges Simon, President vun de Käercher Schlassfrënn asbl huet d’Participanten duerch déi renovéiert Ruine gefouert.

An entspaanter Atmosphär konnten d’Partner d’Gemeng Käerch besichen a Projetsiddien austauschen.

Ofgeschloss gouf mat engem regionalen Owesiessen am Festsall Fockeschlass.