Scheck Iwerrechung beim Interesseveräin Kéiber asbl

Am Kader vun enger sympathescher Feier war et dem Präsident vum Kéiber Interesseveräin Marc Daemen mat senger Ekipp eng grouss Freed de Vertrieder vun der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) e Scheck vun 2.500 € z’iwwerreechen. Di Dammen Aline Kuffer, Tessy Ruppert an Nelly Nash vun der ASA asbl hunn dës Spend mat engem décke Merci entgéint geholl, an erkläert dat dës Gelder an d’Ausbildung vun Assistenzhënn investéiert ginn, woubäi d’Uschafungs- an d’Ausbildungs-Käschten fir een Honn vun der Rass Golden Retriever sech iwwert 17.000 € belafen. Mat konkrete Beispiller konnte si weisen, wéi sënnvoll dës Hënn herno an deene verschiddenste sozialen Ariichtungen agesat ginn.

Dës Zomm war deels den Erléis vun der rezenter Editioun vun den 12 Stonne Vëlo Kéiber, déi am September 2023 erëm e grousse Succès war, wou net manner ewéi 32 Ekippen tëscht 2 a 6 Persounen an 11 Eenzelfuerer zesummen mam Luc um Klapprad hier Ronne bei optimalem Wieder ronderëm Kéiber gedréint hunn. Di 3. Editioun ass dann och scho fest geplangt fir de Samschden, 14. September 2024.