Flott Chëschtfeier vun de Lennenger Leit a Frënn

Flott Chëschtfeier vun de Lennenger Leit a Frënn

Traditionellen Joeresofschloss

Chrëschtdag ass d’Zäit vun der Besënnlechkeet, der Léift a besonnesch dem Zesummenhalt. Um drëtten Adventssonndeg huet de Kommitee vun de Lennenger Leit a Frënn (LF) op hier traditionell Chrëschtfeier, an de Restaurant Birkenhof zu Perl-Sinz invitéiert. Presidentin Yvonne Scholtes huet bei dëser Geleeënheet allen Dammen a Hären häerzlech Merci gesot fir Presenz a hinnen e puer flott Stonnen a gudder Ambiance gewënscht. „Et ass schéin datt Dir alleguerte komm sidd a loosst Iech et gutt schmaachen, a gitt mat vollem Bauch heem“, esou nach déi engagéiert Presidentin. Beim Appetit- a Stëmmungsmécher gouf zesummen d’Glas erhuewe an op eng gutt Gesondheet a een zefridde Joer 2026 ugestouss.

Beim gutt gekachte Menu a mam genësserlechen Miseler Kraitche gouf vill gepotert a esou munch Anekdoten, Spichten an Erënnerungen ausgetosch. A jiddereen hofft, dat si nach vill gesond a zefridde Joren derbäikommen. Och déi wonnerschéin Tombola huet all Häerz méi séier schloe gelooss. Op jonk oder manner jonk, all Member a speziell déi Léit vu 75 Joer u goufe mat engem schéine Cadeau vum Kommitee geéiert. E war ee gemittlechen a gesellegen Nomëtten op der schéiner Musel, deen si alleguer sou bal net wäerte vergiessen. Schéi Feierdeeg a vill Gléck am Neie Joer huet een sech beim Ausernee goe gewënscht. Et war net nëmmen ee flotte Joresofschloss mee och eng flott Ofwiesslung vum Alldag an ee wäertvolle Moment fir de Zesummenhalt a d‘Gemeinschaft ze stäerken.

Romain Welter via mywort