Caecileindag vun der Leidelenger Musek

Dëser Deeg huet d‘ Leidelenger Musek hiren traditionelle Cæciliendag gefeiert. De musikaleschen Encadrement gouf dëst Joer vun der Fanfare Izeg garantéiert. No engem ganz schéine Concert huet eis Buergermeeschtesch zesummen mam Robert Köller, Vize-President vun der Union Grand-Duc Adolphe, mam Gérard Louis, President vun der Musek a mam Marco Ensch, President vun der Jugend Kommissioun déi follgend verdéngschtvoll Memberen vun der Leidelenger Musek ausgezeechent.


Eng Insigne fir 5 Joer Musek kruten : Mara Bisenius, Flütt ; Loïc Christnach, Trombone ; Mauro Hengen, Trompett ; Liséa Schlenker, Klarinett ; Karin Beil an Thérèse Van Dyck, Jugend Kommissioun. Eng Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer Musek kruten : Lucy Chrisnach an Lizi Roth, Klarinett; Marie Urwald, Flütt; Hélène Stelandre, Cor an Dirigentin; Guy Grosber, Animateur. Eng Médaille de mérite en argent fir 20 Joer Musek kruten : Martine Hermes, Klarinett an Anne Schwartz, Flütt. Eng Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer Musek kruten : Denis Heirens, Trombone an Fränk Fonck, Trombone an Sous-Chef. Eng Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer Musek krut de Roland Anen, Euphonium. Eng Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe avec palmette fir 70 Joer Musek kruten : Roger Hintgen, Trompett an Niki Welter, Bass Klarinett


Als Stäerkung huet duerno d’ Leidelenger Musek gebroden Träipen, Pâtéschmieren a Wirschtchen mat Sauermous ugebueden.