Gala Concert 'Fiesta Latina' vun der Leidelenger Musek

Oh wat e flotten Owend. Um Galaconcert vun der Leidelenger Musek um 14 Mee 2022 do war eng lass. De Sall am Centre Culturel an der Eech war bis op déi lescht Plaz gefëllt mat engem musekbegeeschtertem Publikum.

Ënnert dem Motto Fiesta Latina konnt de Concert dee schonns fir 2020 geplangt war endlech iwwer d'Bün goen. Gutt Laun Musek aus Latäinamerika a sämtleche Variatiounen.

Den Owend agelaut mat zwee flotte rhythmesche Stécker, an natierlech enger Zugab, huet eis onse Nowuess, de Jugendorchester Crescendi. Hei gesäit ee wéi wichteg Jugendaarbecht am Beräich vun der Musek ass, an datt den Asaz vun alle Bedeelegten seng Friichten dréit. Fantastesch.

Vun engem Pult op dat anert gewiesselt, huet eisen Dirigent de Jean-Marie Grimler zesumme mat engem 55 Musikante staarken Orchester de Sall musikalesch mat op d'Rees geholl. Mat Bravour hunn déi Leidelenger Musikanten hir Performance ofgeliwwert, oder besser gesot gelieft. Verstäerkt duerch zwee lëtzebuerger, awer iwwert d'Grenzen eraus bekannten Trompettisten, de Melvin Burger an de Raoul Christophe konnten déi bei dësem Genre vu Musek gefuerdert Trompette Soli erausstiechen, wéi beim La Virgin de la Macarena, Funky Chacha an Closely Dancing.

Fir un de Claudio Roditi, e grousse LatinJazz Museker a säi Mentor ze erënneren, hat eis den Erny Hammes d'Stéck Claudio arrangéiert. Hei waren et de Raoul Christophe deen op enger däitscher Trompett, d'Instrument vum Claudio, zesummen mat Melvin Burger um Bügel, d'Soli gespillt hunn.

Mat vill Spaass, och an der Moderatioun vum Owend, ass souwuel an der Paus wéi och nom Concert, nodeems d'Oueren an d'Aen verwinnt gi waren, och de Gumm zu sengem koum.

An och hien huet net gefeelt, d'Partybéischt, den El Cumbanchero als lescht Stéck vum Owend. Op grouss Nofro vun eisem fantastesche Publikum sinn et nach zwou Zugabe ginn.

Duerno ass nach e bësse Fiesta gemaach ginn. Et konnt een nëmmen zefridde Gesiichter gesinn.


www.leidelengermusek.lu