Traktortreffen um Dräilännereck zu Léiler

Um Dräilännereck zu Léiler huet viru kuerzem dat 8. Internationalt Traktortreffen stattfond, dëst ënnert der Organisatioun vun den Schlepper Oldies Éislek. Eng ronn 170 Traktoren, nostalgesch Autoen a Motorräder waren fir e Weekend beim Centre Culturel fir dat interesséiert Publikum ausgestallt ginn.Desweideren war een organiséierten Oldtimerkorso duerch Dierfer vun der Gemeng gefuer ginn.

No engem gudde Mauffel bei engem gemittlechem Zusummesinn haten d'Orginal Eifler Dorfmusikanten e flotte Nomëttesconcert gebueden.