Konveniat 30 Joer Première am LGL

De 7. Juni 2024 hunn sech 65 fréier Primaner aus dem LGL zesumme fond, fir op hier gemainsam Schoulzäit am Jongelycée um Lampertsbierg zeréck ze kucken.

De Joergang '94 war e speziellen, well et deen éischte war am "neie Régime", wou d'Joer matt gezielt huet an wou d'Oralen am Examen agefouert goufen.

No enger Visite vum Gebai, engem kleng Patt matt Häppercher offréiert vum Direkter Frank Eyschen, hunn die fréier Schoulkomeroden hiren Owend du bei engem flotten Owendiessen ausklénge gelooss. Vill al Spiichten a Geschichte sinn nees an Erënnerung geruff ginn.