Elise Toisul- Lamesch mat 100 Joer nach fit


Lëntgen: Ëmmer méi Mënschen hun d’Gléck fir hiren 100. Gebuertsdag ze feieren. Och d’Madame Elise Toisul- Lamesch vu Lëntgen géihert seit kuurzem och zu der Alterskategorie. Madame Elise Lamesch ass den 25. Januar 1923 als Duechter vun acht Kanner zu Ettelbéck op d’Welt komm. Hir Elteren waren den Michel Lamesch, den op Arbed Belval geschafft huet, an d’Anna Pick, allebéid vun Schieren. Den 29. Februar 1955 gouf Hochzäit gefeiert mam Mathias Toisul vu Lëntgen, den op Arbed Diddeléng sengt deeglicht Brout verdingt huet. Vun 1956 bis 1957 hun si an der Schieregaass gewunnt an duerno vun 1957 un sin si allen Zwee op Walfer geplënnert. Schlussendlich am Joer 1959 war hirt neit Doheem bis haut nach, an der route de Fischbach. Aus hirem Bestiednis sin fënnef Jongen an dräi Meedercher erviergaangen. Haut zielen 11 Enkel- an 13 Urenkelkanner zur Famill Toisul- Lamesch. Leider ass de Mathias Toisul am Juni 1982 verstuerwen, esou dat d’Jubilarin bis haut nach eleng do wunnt. Zu hirem groussen Hobby zielen ëmmer nach di schéi Blummen. Natirlich huet den 100. Gebuertsdag och missen am Kader vun engem groussen Familiefest gefeiert gin. Ganz iwerrascht war‚d’Elise Toisul iwert de Besuch vun der Madame Corinne Cahen an hirer Eegenschaft als Familienministerin. Di schéi Blummen, de Kado vun der Regierung an d’Gréiss vun der großherzoglicher Famill huet dem Gebuertsdagskand och ganz vill Freed gemeet. Grad esou wi d‘Medaille – ordre de mérite- déi si vun der Madame Minister ugespengelt kritt huet. Zu den Gratulanten huet och de Buergermeeschter Henri Wurth gehéiert, den an treffende Wierder op de Liewenslaaf vun der Jubilarin agaangen ass an di allerbäscht Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng Lëntgen huet duerfen ze iwerbrëngen. Mat engem kräftigen „Happy Birthday“ an engem deftigen Festiessen zesummen mat der ganzer Famill huet dess Gebuertsdagsfeier och hiren würdigen Ofschloss fond. (CR (Foto: Charel Reiser)