Laangjäreg Aktivitéit am Déngscht vun der Kierch

Lëntgen. A Presenz vum Deche Félix Steichen, vun der Presidentin vum Parrot Andrée Hanck-Conter a vum President vun den Uergelfrënn Georges Herr huet de Lëntgener Kiercherot d’Joffer Eléonore Mattern an den Här Erny Bernotte fir laangjäreg Déngschter geéiert. D’Joffer Mattern huet virun iwwer 56 Joer, am Oktober 1961, déi éischt Mass op der Uergel begleet an ass zanterhier zu Lëntgen Organistin. Doriwwer eraus këmmert si sech elo schonn iwwer 25 Joer ëm d’Koschteraarbechten. Den Erny Bernotte ass de 26. Oktober 1987, also virun iwwer 30 Joer, an de Kiercherot gewielt ginn wou hien 1994 d’Charge vum Tresorier iwwerholl huet. Ausserdeem huet hien ëmmer erëm seng handwierklech Talenter an den Déngscht vun der Lëntgener Kierch gestallt. Iwwerdeems hien d’Féierung vun der Keess elo un den Thierry Ducamp ofgëtt, bleift hien dem Kiercherot „neie Regime“ berodend erhalen.