Lëntgen: Konveniat 60 Joer nom éischte Schouldag


No 1996 an 2012 hunn d’Komerodinnen a Komeroden vu Lëntgen, Goussel a Pretten, déi 1962 fir d’éischte Kéier an d’Schoul gaange sinn, sech op engem drëtte Konveniat erëmgesinn. De Buergermeeschter Henri Wurth huet si empfaangen, huet déi gréisser Aarbechten, déi an deene leschte Joren an der Gemeng gemaach gi sinn resuméiert an huet iwwer déi geplangte Projeten informéiert. Am Kader vun der Receptioun ass un déi verstuerwe Komerodinnen a Komerode geduecht ginn, grad ewéi och un dat verstuerwent Léierpersonal. Nom Mëttegiessen am Restaurant „Op der Gare“ huet de Komerod a Schäffen Jeannot Toisul duerch déi renovéiert a vergréissert Schoul mat Maison Relais geféiert. Net nëmmen déi Gousseler, déi nach an hir 90 Joer al Schoul gaange sinn, ma och déi Lëntgener, déi eng nei a fir déi deemoleg Verhältnisser modern Schoul haten, waren impressionéiert, wéi si déi nei Raimlechkeete gesinn hunn. Um Owesiessen an der Brasserie „La Mascotte“ ass sech virgeholl ginn, net nees eng Kéier 10 Joer bis déi nächst Renconter ze waarden.

Foto: Paul Provost