D' Sport Kommissioun an d' Gemengenautoritéiten vun Lëntgen waren houfreg fir kennen déi lokal Sportlerinnen an Sportler fir hir Leeschtungen an den Saisonen 2019/2020 an 2020/2021 ze éieren.
D'Laureaten koumen aus dem Athletismus, Dëschtennis, Karate an Taekwondo.
Besonnesch ervir gestach hunn folgend Performancen:
Charles Grethen .
12. Platz an der Finall op den Olympeschen Spiller zu Tokio (Landesrekord iwwer 1.500 m an der Halleffinall)
2. Platz beim Check Indoor Gala
Nationale Champion iwwer 10 km
Nationale Champion iwwer 1500 m
Jenny Warling.
Verschidden éischt Platzen am Kumité International an National
an eng 3. Platz Kumité -55kg zu Santiago (CHI)
No der Auszeechnung vun den Sportlerinnen an Sportler huet d‘ Gemeng op den Éierewäin invitéiert. An geselleger Atmosphär ass dunn dësen Owend op een Enn gaangen.