Zesumme Fit 2026 zu Lëntgen

Zesumme Fit 2026 zu Lëntgen
Sport a Beweegung fir Grouss a Kleng

Och dëst Joer huet d'Sport- a Jugendkommissioun vun der Gemeng Lëntgen nees den „Zesumme Fit“ organiséiert. D'Zil vun dëser Aktioun ass et, d'Leit aus der Gemeng zesummenzebréngen, Loscht op Beweegung ze maachen an de lokale Veräiner d'Méiglechkeet ze ginn, sech an hir Aktivitéite virzestellen. Esou wéi déi lescht Jore waren och 2026 nees vill Eltere mat hire Kanner um Site ënnerwee, fir déi verschidde Sportaarten an Aktivitéiten auszeprobéieren an d'Veräiner aus der Gemeng besser kennenzeléieren.

Um Programm stoung eng grouss Auswiel u sportlechen Aktivitéiten fir Grouss a Kleng. D'Participanten konnten ënner anerem Dëschtennis, Karate, Fussball, Darts, Cornhole, Badminton a Pétanque ausprobéieren. Och d'Uelzecht Tramps, d'Jugendhaus An der Sonn an den Inklusioun Sport “Bow24” waren um Event vertrueden.

Natierlech war och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. D'Kanner a Jugendlecher konnten hei op eng spilleresch Manéier nei Sportaarten entdecken, a gläichzäiteg erausfannen, wat hinnen am meeschte Spaass mécht.