E Bësch als Cadeau fir d'Diözees

Am Kader vum 150. Anniversaire vun der Diözees Lëtzebuerg hunn d’Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg eiser Diözees en nohaltege Cadeau gemaach, andeems si 150 Beem zu Lëpschent op dem Terrain vum Här Paul Hoffmann geplanzt hunn. Symbolesch goufen de 17. Oktober a Presenz vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, weideren Éieregäscht a ville Leit déi éischt zwee Beem geplanzt. Déi restlech 148 Beem sinn der Diözees de 7. November geschenkt ginn. Agelaut gouf dësen Dag mat enger feierlecher Pontifikalmass zur Éier vum hellege Willibrord, presidéiert vum Lëtzebuerger Äerzbëschof, éier ënnert Anhalen vun den aktuellen Covid-Mesuren Bichen an Eeche geplanzt goufen.

Weitere Neuigkeiten von Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Lux. >