Erléis vun der Bamplanzaktioun un Treedom gespent

De 17. Oktober 2020 hunn d’Grand-Clercs zum 150. Anniversaire vun der Diözees Lëtzebuerg 150 Beem zu Lëpschent geplanzt. Fir dës Aktioun konnten ze finanzéieren, goufe Spende gesammelt, an den Iwwerschoss sollt un d’Organisatioun ‘Treedom’ gespent ginn. Insgesamt koum en Iwwerschoss vun 6008,10 € zesummen, deen dann och integral un ‘Treedom’ gespent gouf. Dës stolz Zomm huet et méiglech gemaach, dat weider 335 Beem a 4 Länner (Kamerun, Haiti, Kenia an Tansania) konnte geplanzt ginn. Mat dëse Beem ënnerstëtzen mir d’Opforstung op der Plaz, wéi och Klengbaueren, déi sech mat de Beem e Liewensënnerhalt schafe kënnen. Mir soen jidderengem Merci, dee bei dëser Aktioun, bei där mir insgesamt 485 Beem bei äis an am Ausland planze konnten, matgehollef huet.

Ënnert dësem Link kënnt dir kucken, wou eis 335 Beem doheem sinn: https://www.treedom.net/de/organization/grands-clercs-de-la-cathedrale-notre-dame-de-luxembourg

Weitere Neuigkeiten von Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Lux. >