Museksschoul vun der UGDA: National Diplom-Iwwerreechung zu Luerenzweiler

537 Schüler kruten en Diplom


An der Sportshal zu Luerenzweiler, konnte 537 Schüler (ab der 1. Mentioun) sech e Sonndeg den 26.02.2023 iwwert een Diplom vun der UGDA-Museksschoul freeën. D’UGDA-Museksschoul ass a 54 Gemengen zoustänneg fir de Museksunterrecht an zielt am lafende Schouljoer bal 7.000 Schüler.


Den Interessi fir d’Musek bei deene Jonken an Erwuessenen ass nach ëmmer do an dat neit Museksschoulgesetz huet och seng Friichten gedroen. Mir konnten an dësem Schouljoer 1.000 Schüler méi an eise Coursen zielen. Dëst ass net nëmmen op d’Gratuitéit zeréckzeféieren, mee och op d’Wäertschätzung déi de Museksunterrecht mam neie Gesetz krut.


Vill Buergermeeschter a Gemengevertrieder hunn de Wee op Luerenzweiler fonnt. De Kannerchouer deen aus zwou Klassen aus der Regional Museksschoul Uelzechtdall (Gemenge Luerenzweiler a Walfer) zesummegesat war, huet dofir gesuergt, dass de Publikum an der voller Hal wonnerbar ënnerhale ginn ass.


Mir felicitéieren allen Laureaten a freeën eis op d’nächst Joer!


Texte: Anne Zens

Photos: J.M."Lupo" Ludowicy - lupo.lu