NU LOOSS ET AN DIR STELL GINN ..........


Nu looss et an dir stell ginn,

lee of däin donkelt Kleed

Wann d´Gaassen all zur Rou ginn,

hal d´Séil der Gnod bereet.

Dreet an de Bëscher fären,

och munech spéit Gefor ,

do uewe fénkelen Stären,

seng Himmelsaen sou kloer



Bass du da ganz verloossen

eleng am enken Heem .

Da ginn op héije Stroossen

vill heemlech Wonnerdreem.

Lee all deng arem Suergen,

dem Härgott an de Schouss.

Hien hieft se a säi Muergen,

sou voller Glanz a Glous.



T & M: Jos Kinzé (gebuer den 1. Oktober 1918 zu Essen an Däitschland, a gestuerwen den 20. September 2003 zu Ettelbréck ) gehéiert zu de bekanntste lëtzebuergeschen Organiste vum 20. Joerhonnert.



--------------------


Foto: Steyer - Fonck Alice

copyright