E’imaischen mam Comité Alstad Ouschterméindeg 10. Abrëll 2023

10
Apr
2023
10 Apr

E’imaischen 2023 an der Stad …


De Comité Alstad asbl freet sech drop fir all Frënn vun der Alstad op der stater E’maischen erëm ze gesin an huet versicht, zesummen mat de Responsabelen vum „Service Espace Public, Fêtes et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg, der E’imaischen hieren traditionnelle „Look“ nees ze gin.


Wéi gewinnt, fand dir de Comité Alstad neess mat sengem Chalet op der gewinnter Plaaz, „um Rouscht“ hannert dem Palais. Vun 10 Auer un ass och neess fir d’Kanner dat beléift Spill ”Eerschëllen” ugesoot an den Daag iwwer ”Face-painting” mam Valentina Becker a senger Kollegin, um Stand niewent dem Comité Alstad um Rouscht an nomëttes spillt de Poppentheater Hoplabum ëm 15.00 Auer am Musée um Fëschmaart dat neit Stéck „Kollegen“ – den Entrée ass fräi !


De Comite Alstad bidd och op der 194. E’maischen wéi gewinnt seng Péckvillercher fir all Frënn a Sammler un. Een neie Peckvillchen, de „Péckvillchen’CA23“ an den traditionnelle Faarwen orange a blo vum Comité Alstad, entworf an och produzéiert am Keramikatelier vun der Ligue HMC op der Cap, deen 30 € kascht, an als „Kréinung“ den handgemaachte „Péckvillchen Sandra23“, entworf vun der Madame Sandra Pereira, an och an hirem Atelier an Handaarbecht a limitéierter Zuel produzéiert, deen 35 € kascht. De Comité Alstad ass och ganz besonnesch frou, well d’Gewënnerin vum Concours, d’Madame Sandra Pereira vun Useldeng, sech bereet erklärt huet fir och selwer op der E’imaischen niewent dem Stand vum Comité Alstad hier Konscht viirzeféieren.


De Péckvillchen’CA23 an de Péckvillchen’Sandra23 kënne bestallt ginn duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op onse Kont bei der Spuerkeess:

IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
mam Vermierk Péckvillchen’CA23 oder Péckvillchen’Sandra23

Ofhuele kann ee säi bestallten a bezuelte Péckvillchen’CA23 oder de Péckvillchen’Sandra23, Ouschterméindeg, den 10. Abrëll 2023 op der Éimaischen um Fëschmaart um Stand vum Comité Alstad, um Rouscht hannert dem Palais, mueres vun 08:00 bis 17:00 nomëttes.


Wien net op d’Éimaische ka kommen, huet d’Méiglechkeet, seng Bestellung ofzehuele bei ons am Büro op N° 14 an der Siegfridstrooss (dat fréiert Paschtoueschhaus vu St. Méchel, vis à-vis vum Staatsrot) um Fëschmaart, vum 11. bis den 14. Abrëll 2022 vu mueres 09:00 Auer - 12:00 Auer.


Matgedeelt vum Comité Alstad asbl