17 Studenten zesumme bei der Militärmusek

De 24. Stage fir jonk Museker aus dräi Conservatoire war en Erfolleg


Lëtzebuerg. Direkt nom traditionelle „Concert de bienfaisance“ vun der Militärmusek, deem säin Erléis dës Kéier fir de « Comité national de défense sociale » war a bei deem d’Kathleen Gospoz (Cornet) an de Philippe Schwartz (Euphonium) Soliste waren an et zur Uropféierung vum Adjutant-Chef Tim Kleren sengem Wierk « Ideal » komm ass, huet d’Arméi eng Receptioun am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ginn.

Bei dëser Geleeëheet kruten 17 Studentinnen a Studenten aus de Museksconservatoire vu Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht a vum Norden -zwee vun hinne studéieren zousätzlech um Conservatoire royal de Liège resp. un der Hochschule für Musek Luzern- hieren Diplom, well sie am Februar aktiv un deem vun de « Frënn vun der Militärmusek“ organiséierte 24. Stage bei der Militärmusek deelgeholl hunn. Zum Ofschlossvum Stage hu sie an de Reie vum groussen Harmonieorchester beim „Concert de bienfaisance“ matgespillt.

An enger kuerzer Usprooch ass de President Josy Lorent op d’Initiativ vun dëse vun der A.s.b.l. „d’Frënn vun der Militärmusek“ organiséirten zyklesche Stagen agaangen. D’Grondiddi besteet doranner, fir jonk Leit fir eng berufflech Carrière bei der Militärmusek z’intresséieren. D’Resultat vun dëser Aktioun léisst sech weisen, well déi ganz grouss Majoritéit vun de Militärmuseker vun haut huet eng Kéier un esou engem Stage deelgeholl, wou hinne bei dësem Schnupperkurs den Appetit komm ass.

De Generol Steve Thull huet op déi intressant Carrière als Militärmuseker higewisen an d’Initiativ vun de Stagen an deem Sënn gelueft. Déi intresséiert jonk Museksstudenten waren doriwwer eraus am Kader vun hirem Stage och am „Centre militaire Grand-Duc Jean“ zu Dikrech, wou sie en Abléck an den Opbau an d’Missioune vun der groussherzoglecher Arméi kruten.

Aus den Hänn vum Generol Steve Thull a vum Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, Dirigent vun der Militärmusek, kruten dës jonk Museker, déi vum FvMM-President Josy Lorent opgeruff goufen, hiren Diplom: Damien Ascani, Beetebuerg (Cor); Anaïs Both, Käl (Saxofon); Julie Boulmont, Monnerech (Trombone); Hélène Boyer, Lëtzebuerg (Trompett); Emma Juliska Cornaro, Éilereng (Piano); Carolina De Matos, Moutfert (Trompett); Jean-Lou De Waha, Gilsdref (Saxofon Tenor); Lisa Gales, Kanech (Trombone); Pit Haustgen, Dippech (Perkussioun); Olivier Kayl, Näerzeng (Perkussioun/Batterie); Chiara Lopes, Zolwer ((Harf/Trombone); Catherine Origer, Uespelt (Flütt); Mara Schmit, Elleng (Trompett); Adrien Stelandre, Diänjen (Trompett); Lio Theisen, Lëtzebuerg (Perkussioun); Philippe Wein, Giewel (Trompett); Yannick Wio, Hueschtert (Trompett).

(Photo: Section Audio-Visuelle de l‘Armée)