BlåRød: Nationale LGS Camp / Dänemark 19.7 - 1.8
um weitere Bilder zu sehen.
BlåRød 2026: Abenteuer, Teamgeescht a vill onvergiesslech Momenter an Dänemark
Zënter dem 19. Juli sinn 473 CaraPio, Chef:tainen a Staff-Memberen um nationale CaraPio-Camp BlåRød zu Frederiksværk an Dänemark ënnerwee. De Campnumm kënnt aus dem Däneschen: Blå bedeit blo an Rød rout – d'Faarwe vun de CaraPio. Gläichzäiteg stinn dës Faarwe fir Wäerter, déi de Camp prägen: Blo symboliséiert Harmonie, Vertrauen an Éierlechkeet, rout steet fir Stäerkt, Selbstbewosstsinn a Léift. Zesummen erginn si eng Kombinatioun aus Rou a Dynamik, Sécherheet a Courage – genee dat, wat de Summercamp 2026 ausmécht.
De Programm bitt de Jugendlechen eng grouss Villfalt un Aktivitéiten. Nieft Kanu-Touren, Beach Activities, engem Kloterpark an Ausflich mam Wikingerboot stinn och vill gemeinsam Erliefnisser a kulturell Entdeckungen um Programm.
Op Dag 5 konnt de Sous-Camp Rød säin Hike erfollegräich ofschléissen. No e puer Deeg ënnerwee sinn all Participant:innen zu Fouss oder mam Vëlo erëm op der Campplaz ukomm. De Sous-Camp Blå huet gläichzäiteg dänesch Haaptstadloft geschnuppert an zu Kopenhagen e flotte Mix aus Sightseeing, Lego-Erfarungen, traditionelle Smørrebrød an de beléifte Cardamom Buns entdeckt.
Den internationale Dag um Dag 7 huet fir vill kulinaresch Entdeckunge gesuergt. All Trupp huet e Plat aus engem anere Land preparéiert. Kuerz no Mëtteg war et Zäit fir déi verschidde Spezialitéiten ze schmaachen. CaraPio, Staff a Chef:tainen konnten sech duerch Rezepter aus der ganzer Welt probéieren. De Nomëtteg gouf mat verschiddenen Atelieren, deelweis zesumme mat den däneschen Noperen, fortgesat, ier den Dag bei enger gemittlecher Veillée säin Ofschloss fonnt huet.
Och um Dag 8 stoung nees vill Beweegung um Programm. Wärend ee Sous-Camp op Hike war an zu Fouss oder mam Vëlo d'Regioun entdeckt huet, huet deen anere Sous-Camp den Dag op der Plage verbruecht. Bei enger Olympiade mat ville Spiller an Aktivitéite waren Teamgeescht, Geschécklechkeet a Spaass gefrot. Den Owend ass du bei enger Sous-Camps-Veillée a gemittlecher Atmosphär ausklénge gelooss ginn.
Lues a lies stinn déi lescht Aktivitéiten um Programm. Gläichzäiteg fänkt de Ofbau vum Camp un, an d’Konstruktiounen a gemeinsam Infrastrukture ginn ofgeriicht, d’Patrullen Këschten si schonn um Camion. No bal zwou Woche voller Abenteuer, Frëndschaften an onvergiessleche Momenter geet et e Samschdeg, den 1. August, nees Richtung Lëtzebuerg.
Mat all Dag hu sech d'CaraPio nei Kompetenzen ugëeegent, Verantwortung iwwerholl an als Gemeinschaft zesummefonnt. BlåRød 2026 wäert esou sécherlech als eng aussergewéinlech Erfarung a vill Rucksäck voll schéiner Erënnerunge mat heem geholl ginn.
Méi Informatiounen
www.LGS.lu
Instagram: guidenascouten