LGS IronScout - 65km fir de gudden Zweck
um weitere Bilder zu sehen.
Test deng Limitten… fir de gudden Zweck
De Weekend vum 9. bis den 11. Mee hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hiren traditionellen Iron Scout organiséiert (17. Editioun - zënter 2008).
Beim IronScout kréie Jonker tëscht 14 a 23 Joer, d‘Chance fir kënnen op engem Trëppeltour vun am ganze 65 Kilometer un hir perséinlech Limitten ze goen. Nieft dem perséinlechen Defi geett et awer och ëm d’Bonne Action wou et drëms geet aneren ze hëllefen. D‘CaraPio a Raro hunn sech kennen ee Sponsor pro getrëppeltem Kilometer sichen.
Dëst Joer sinn eng 169 Carapio & Raro a 40 Chef:taine bei sonnegem Wieder zu Dikrech um Depart. Um éischten Dag stoungen Atelieren zum Thema vum 2. Weltkrich a Migratioun um Programm. Den Dag drop stounge 65 Kilometer ronderëm d’Nordstad mat vill op an of. Ënnerwee gëtt et op verschiddene Posten Iessen a Gedrénks. Am Ganze sinn 11.273 km getrëppelt ginn an et goufe 25.860 € fir e gudden Zweck gesammelt.
Bravo un all d‘Guiden a Scouten déi matgemaach hunn an un hier Sponsoren déi km-Geld bezuelt hunn. E grousse Merci och un d‘amerikanesch Ambassade fir déi finanziell Ënnerstëtzung am Kader vun hirem Grant Programm zum Thema "Remember WWII" , un d’Arméi fir d‘Iessen op der Stréck an un d'Gemeng Dikrech fir d'Raimlechkeeten.
D'Somme vun den Done 25.860 € gëtt bei dëser Editioun op 3 Organisatiounen opgedeelt:
- ASTI - Association de soutien aux travailleurs immigrés asbl
- Ons Jongen a Meedecher - Ce projet consiste à rendre publiques et accessibles toutes les recherches initiées depuis des années au sujet de l’enrôlement de force au Luxembourg.
- “Andamos!” Andamos ass e Grupp vu Jonken, déi bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Erfahrungen an der Entwécklungshëllef gemaach hunn an aktiv bei Projeten am Chile, Bolivien an am Senegal gehollef hunn.
https://lgs.lu/iwwert-eis/zukunft-geheiert-eis/