CADEAU'EN FIR CHRËSCHTDAAG VUM COMITE ALSTAD

Leider kann de Comité Alstad, Corona-bedéngt, och dëst Joer nët um Stater Chrëschtmaart, wéi ursprénglech geplangt, matmaachem. De Comité Alstad huet awer och neess fir dëse Chrëschtdaag zwou intressant Publikatiounen unzebidden.


"T’Séche vun der Ko‘ a vun der Méck", "Aus dem Liewe vum Zënt Märten" an "d’Seeche vum Zinniklos" sinn dräi Geschichtercher vum Georges Schmitt (1907-1986), déi de Comité Alstad dëst Joer an engem Sammelband vun 80 Säiten publizéiert. Dëst ass en interessante Cadeau fir all Frënn vun eiser Sprooch an och fir aalt Kulturgutt aus dem lëtzebuerger Legendeschatz, fir déi kommend Feierdeeg.


De Georges Schmitt war Konschthistoriker an Conservateur am Nationale Geschichtsmusée a Matbegrënner vum Comité Alstad. D’Iwwerschreiwung an déi haiteg Schreifweis huet sech de Robert Baddé gekëmmert an de Sergio Di Paoli huet déi original Zeechnungen vum Emile Probst an engem modernen Layout réaliséiert.


Dee Sammelband kann een sech beschaafen duerch d’Iwwerweisung vun 23.- €uro op de Kont vum Comité Alstad bei der Spuerkeess BCEE LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk: "Sammelband G. Schmitt". Da kritt een de Sammelband mat der Post zougestallt.


Desweideren gëtt et och e flott Kolloréierbuch mat dem historeschen Panorama vun der Festung Lëtzebuerg vu 1753 an Usiichten aus dem dräidimensionale Modell vum Renaissance-Schlass „La Fontaine“ vum Peter Ernest von Mansfeld a Clausen.


Koloréieren, also faarweg Ausmolen - mat Stëfter oder Waaserfaarw - ass eng ganz flott an entspaanend Beschäftegung op de laangen Wanterowender, fir all Alter.


D' "Koloréierbuch - Lëtzebuerg Alstad" kann och bestallt gin fir 22.- €uro - Porto abegraff - beim Comité Alstad, 14, rue Sigefroi, L- 2536 Luxembourg , comite.alstad@pt. -duerch Iwwerweisung op de Spuerkeesskont IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mat dem Vermierk «Koloréierbuch». Da kritt een et och mat der Post zougestallt.


D‘“Koloréierbuch - Lëtzebuerg Alstad“, vum Alstad Comité an Zesummenaarbecht mat de "Frënn vum Mansfeld-Schlass" ass an de Librairien, dem LCTO um Knuedeler an am Musée um Fëschmaart fïr 15.- €uro ze kréien.


D'Memberen vum Comité Alstad wënschen schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer !