Commémoratiounsfeier zu Hinzert


Commémoratiounsfeieren am SS-Sonderlager / KZ-Hinzert

Lëtzebuerg / Hinzert. E Samschdeg, de 16. September 2023, organiséiert de Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale zesumme mat der Amicale des Anciens de Hinzert wéi all Joer eng Commémoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert.

Dëst Joer ass nieft der Lëtzebuerger- an der internationaler Feier och d’Aweiung vum „Ergänzungsbau“ vum Dokummentatiouns-Zenter.

Programm vum Dag:

*11.30 Auer: International Gedenkfeier am Dokumentatiouns-Zenter:

mat Rieden vun der Madame Malu Dreyer, Ministerpräsidentin vu Rheinland-Pfalz, dem Minister Franz Fayot, engem Vertrieder vum Generalkonsul vu Frankräich an Däitschland an dem Här Bernhard Kukatzki, Direkter vun der Landeszentrale für politische Bildung Rheinland-Pfalz

*12.15 Auer: Néierleeung vu Blummen beim Wercollier-Monument

Clairon d’honneur: Här Edmond Faber

*12.30 Auer: Aweiung vum „Ergänzungsbau“

*13.00 Auer: „Mittagsimbiss“ am Dokumentatiouns-Zenter

*14.00 Auer: Lëtzebuerger Feier virun der Kapell

d’Mass gëtt gelies vun eisem Aumônier, dem Här Generalvikar Patrick Muller.

Fir de Gesank suergt d‘Choral vu Contern ënnert der Direktioun vum

Här Edmond Faber; Organist ass den Här Patrick Colombo.

*15.30 Auer: d’Busse fueren an de Bësch bei d’Griewer vun den ermuerte Lëtzebuerger

Resistenzler vun 1942 an 1944.

D’Leit, déi bei dëse Commémoratiounsfeieren wëllen derbäi sinn, hunn d’Méiglechkeet, fir gratis mam Bus op Hinzert ze reesen.

D’Horairë vun deenen dräi Bussen, déi de 16. September 2023 op Hinzert fueren.

Bus A (Autobus STEPHANY)

8.25 Elwën / Gare

8.30 Elwën / Gemeng

9.05 Ettelbréck / Gare

9.15 Dikrech / Gare

9.20 Baastenduerf / Kierch

9.25 Bettenduerf / Gemeng

9.30 Reisduerf / Gare

09.55 Iechternach / Bus-Gare (Cactus)

11.00 Hinzert

Bus B (Voyages SIEDLER-THILL)

9.40 Contern / Gemeng (Chorale)

11.10 Hinzert

Bus C (Voyages SIEDLER-THILL)

8.25 Käl / Brillplaz

8.45 Déifferdeng / Parking Contournement

9.00 Nidderkäerjeng / Brauerei Bofferding

9.10 Schuller / Busarrêt Hiel, rue de Dahlem

9.30 Lëtzebuerg-Glacis / Busparking

09.55 Miersch / Centre Marisca

10.25 Waasserbëlleg / (P+R Autobunn op der Grenz - Richtung Tréier

11.10 Hinzert

*An all Bus hänkt e Schëlt mat „HINZERT – BUS (A, B oder C).

*Den Départ vun de Bussen fir z’réck op Lëtzebuerg ass géint 17.00 Auer.

*D’Umeldung fir déi dräi Bussen kënnt Dir maachen beim Här

Edmond Faber, President vun der Amicale Hinzert:

Tel: 80 26 12 (owens tëscht 18.00 an 20.00 Auer) oder E-Mail edmfaber@pt.lu

bis spéitstens e Freideg, den 8. September 2023.

WICHTEG:

*Fir datt d’Busse mat Zäit zu Hinzert ukommen, mussen d’Zäite vum Fuerplang genee agehale ginn. De Buss fiert pünktlech fort!

*Well d’Parkméiglechkeeten um Site ronderëm den Dokumentatiouns-Zenter deen Dag ganz begrenzt sinn, sollen d‘Leit, wann nëmme méiglech, vun de Busse profitéieren oder „Fahrgemeinschafte“ maachen.

Déi Leit, déi moies mat hirem Privatauto op Hinzert wëlle fueren, mussen sech mat Zäit beim Här Faber umellen fir eng Parkplaz ze reservéieren an uginn wéivill Leit matkommen, an dëst bis spéitstens den 8. September 2023. Amicale Hinzert via Mywort