D'Vie Naissante stellt säin neien Internetsite vir.

D'Vie Naissante, déi sech fir de Schutz vum ongebuerene Kand a fir d'Ënnerstëtzung vu Fraen a Familjen an Nout asetzt, huet de 24. September am Centre Culturel vu Bouneweg hiren neie Logo an den erneierten Internetsite www.vienaissante.lu virgestalt. Duerno kruten d'Memberen de beandrockende Film "Unplanned" gewisen, mat uschléissender Diskussioun.