Dankbar Erënnerung un den André Reichling

Gedenkconcert an der Philharmonie fir de fréieren Dirigent vun der Militärmusek


An der Philharmonie hat d’A.s.b.l. „d’Frënn vun der Militärmusek“ e Concert mat engem besonnesche Programm ënnert dem Motto „Dankbar Erënnerung un den André Reichling“ organiséiert, fir d’Liewen an d’Schaffe vun deem 2020 am Alter vun nëmmen 64 Joer onerwaart verstuerwene laangjäregen Dirigent vun der Militärmusek ervirzehiewen.

A senger Begréissungsusprooch huet den FvMM-President Josy Lorent besonnesch d‘Präsenz vu Membere vun der Famill vum Verstuerwenen a vum Colonel Pascal Ballinger, Chef d’État-Major adjoint vun der Lëtzebuerger Arméi, ernimmt. De Riedner huet drun erënnert, datt an déi Period vu 25 Joer, wou de Lieutenant-Colonel André Reichling Chef vun der Militärmusek war, d’Grënnung vun der A.s.b.l. „d’Frënn vun der Militärmusek“ gefall ass, déi sech d’Ënnerstzëtzung an d’Promotioun vum eenzege professionelle Lëtzebuerger Blosmusekorchester op de Fändel geschriwwen huet. Déi vun den „Amis de la Musique militaire“ offréiert organisatoresch a materiell Ënnerstëtzung huet de Lieutenant-colonel Reichling gären ugeholl an dofir gesuergt, datt et duerch eng gutt Zesummenaarbecht zu variéierte Concertsprogrammer vun der Militärmusek mat nationalen an internationale Kënschtler komm ass.

Nodeems de President Josy Lorent erklärt hat, dass deen nom Doud vum Här Reichling programmméierte Gedenkconcert an der Philharmonie wéinst der Covid-19-Pandemie mat hire sanitären Aschränkungen e puer Mol huet misste verluet ginn, huet hien deem Verstuerwenen an der Éiwegkeet mat dëse Wierder verséchert, dass säi Liewenswierk bei der Militärmusek a beschter Erënnertung bleift: „Dir sidd net vergiess an Dir gitt net vergiess!“

Den Adjutant-major Monique Bernotte, éischt Fra an der groussherzoglecher Militärmusek, huet net nëmmen duerch de musikalesche Programm vum Owend gefouert, mee ass och op d’Mënschlechkeet vum André Reichling a säin engagéiert Schaffe während sengen 38 Joer Déngschtzäit bei der Militärmusek agaangen. Ernimmt goufen an deem Zesummenhank 1.200 Concerten, 1250 militäresch Déngschter, 30 CD-Opnahmen, 219 Arrangementer. sechs Eegekompositiounen fir Orchester an en Erléis vun iwwert 250.000 € bei Benefizconcerten.

Fir den Optakt vum Concert stoung dem Marco Pütz säi „Concerto for Wind Orchestra“ a véier Deeler um Programm. Dëst Stéck war in memoriam eng Dedicace fir den André Reichling, deen a 17 Joer Zesummenaarbecht mat dësem Komponist 17 Wierker vun him op méi wéi 40 Concerten -dorënner aacht Uropféierungen a genau souvill CDen- dirigéiert huet. Duerno konnt de Philippe Schwartz beim „Concerto pour Euphonium“ vum rumänesch-franséische Komponist Wladimir Cosma seng Musikalitéit a säi ganzt meeschterhaft Kënnen op dësem Instrument ënnert Bewäis stellen.

Am zweeten Deel huet d’Militärmusek den Ufank mam „Adagietto“ aus der 5. Symphonie vum Gustav Mahler gemat, éier d’Suite aus dem Igor Strawinsky senger Balletsmusek „L’oiseau de feu“ erklongen ass, dat eng vun de Lieblingskompositioune vum André Reichling war.