De Servior Geenzebléi vu Wooltz spent 1.405 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vum 24 Stonne Vëlo Wëntger 2023, huet de Servior Geenzebléi vu Wooltz mat senge Matbewunner sech et net huele gelooss mat ze pedalléieren fir de gudden Zweck. Net nëmme Personal war 24 Stonnen um Dill, mee och hir Matbewunner. Sie sinn zesumme 5.904,86 Km pedalléiert, an hunn et esou gepackt hire Score vum Joer virdrun ze toppen. Duerch hier immens Kilometeren déi si gemaach hunn, konnte si dee ganz generéise Scheck vun 1.405€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreechen.