Den « Ordre des Anysetiers » huet den « Helix » besicht

Screenshot


Am futuristeschen neie Sëtz vun der Post an der Stad


Lëtzebuerg. Op eng ganz intressant Visite hat déi Lëtzebuerger Commanderie vum „Ordre International des Anysetiers“ hir Memberen an den neien Haaptsëtz vun de Post op der Stater Gare invitéiert. „Helix“ heescht dat futuristescht Gebai vun aacht Stäck als Uspillung op déi 30 Meter héich a 50 Tonne schwéier wäiss Wendeltrap aus Stol mat 237 Träppleken mat hëlzenem Belag. Hir etappeweis Konstruktioun war eng technesch Erausfuerderung, well sie gewëssermoossen als Hub am fräie Raum vun ënne bis uewen déi eenzel Etagen matenee verbënnt.

No der Begréissung vun de Gäscht, déi ënnert der Leedung vun der Groussmeeschterin Tanja Sulkowski komm waren, duerch d‘Isabelle Faber, Responsabel fir d’Kommunikatioun a Member vum Post-Exekutivcomité, huet de Jemp Gauthier als Manager vum Projet d’Féierung iwwerholl an de Konzept vum Bauwierk erklärt. Responsabel fir d’Gesamtarchitektur war de Büro „Metaform Architects“ (Sharan Agaajan, Thierry Cruchten a GG Kirchner) mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Hiren Optrag war d’Entwécklung vun enger architektonescher Identitéit, déi d’Traditoun an d’Wäerter vum Grupp Post ënnersträiche sollt. Och gouf betount, datt dat ganzt Gebai, an deem eng 800 Mataarbechter am System „Open Space“ schaffen, vun der „Deutsche Gesellschaft für Nachhaltiges Bauen“, deeër hir Spezialisten am Sënn vun engem nohaltege Bauwiesen der Post déi hëchsten Auszeechnungen fir hiren neie Sëtz zouerkannt hunn. (j-lo)