E freedegt Erëmgesinn ënnert Frënn

Vill Membere vun der «Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg» hu sech um Lampertsbierg getraff


Nodeems duerch d’Covid-19-Pandemie mat hire sanitäre Restriktiounen vu Mäerz/Abrëll 2020 un quasi keng Aktivitéite méi konnten organiséiert ginn, waren d’Membere vun der «Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg» leschte Samschdeg nees op déi traditionell «Journée des Anciens» invitéiert ginn. Dës Renconter vu ronn 70 fréieren Aarbechtskollegen vum Medienhaus „Saint-Paul/Luxemburger Wort“ huet sech am Restaurant „Porta Nova“ um Lampertsbierg ofgespillt. Sie waren alleguerte frou, fir erëm am Frëndeskrees flott Erënnerungen aus dem gemeinsame Beruffsliewen an och vun aneren Erliefnesser austauschen ze kënnen.


A senger Begréissungsried huet de Präsident Josy Lorent fir d’éischt eng Gedenkminutt fir déi Memberen ageluet, déi zënter der leschter „Journée“, déi den 19. Oktober 2019 am Kader vum 40. Anniversaire vun der „Amicale“ ofgehale gouf, verstuerwe sinn. Et waren dat (an der Reiefolleg vun hirem Stierfdatum): Yvette Barthel-Plyer, Marga Goebel-Cavelius, Hélène Colbach-Klosé, Leo Duprel, Nico Ewert, Corneille Krier, den Eierepräsident Jeannot Schmitz an d’Sanny Burggraff-Huss.


Duerno ass de Präsident kuerz op deen duerch de Corona-Virus bedéngte Lockdown mat sengen Auswierkungen op d’Organisatioun vu geplangtene Manifestatioune vun der „Amicale“ agaangen, deeër hier Memberen alleguerten zu enger Risikogrupp gehéieren. An deem Sënn wëllt ee wuel net inaktiv bleiwen, awer mat Virsiicht déi weider Entwécklung vun der Pandemie ofwaarden.


Mat Bedaueren ass de Präsident dann op déi net erfreelech Situatioun ze schwätze komm, déi sech fir d’Amicale des Anciens aus dem Verkaf vu „Saint-Paul Luxembourg“ un déi belsch Entreprise „Mediahuis“ erginn huet. Nodeems d’Amicale vun de fréier Mataarbechter schons virdrun déi finanziell Ënnerstëtzung duerch d’Mammenhaus ganz gestrach krut hat, huet sie elo och hire Büro zu Gaasperech misse raumen, ouni awer en aneren Ënnerdaach am neie Gebai um Houwald ze kréien. Deemno muss elo no engem anere Versammlungs- an Archivraum gesicht ginn. Well et kee Subsid méi gëtt, rifft de Comité d’Memberen op, fir fräiwëlleg méi en héije Joresbäitrag ze bezuelen, fir dass weiderhin Aktivitéite kënnen organiséiert ginn. Allgemeng war awer däitlech z’erkennen, dass trotz fehlender Ënnerstëtzung vum fréiere Patron d’Amicale vun den Anciensen weider zesummenhale wëllt.


Zur gudder Stëmmung op der „Journée des Anciens“ huet net onwiesentlech de Menü bäigedroen, deen d’Kiche vum Restaurant „Porta Nova“ preparéiert hat.


Billerzeil:

Ronn 70 Membere vun der „Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg », déi alleguerte mat dem Covid-Check getest waren, hu sech op der „Journée des Anciens“ um Lampertsbierg begéint.

(Foto: Raymond Thill)